wat ?
PrEP ass e Preventiounsmëttel, dat doranner besteet, datt HIV-negativ (net HIV infizéiert) Persoune virun enger Risikosituatioun anti-retroviral Medikamenter zou sech huelen. Dëst Preventiounsmëttel gëtt Persoune recommandéiert, déi widderhuelt dem Risk vun enger HIV-Infektioun duerch sexuell Kontakter ouni Kondom ausgesat sinn.
wat ?
Wou ?
Zu Lëtzebuerg kann d’PrEP bei den Infektiologe vum Service National des Maladies Infectieuses vum Centre Hospitalier du Luxembourg ugefrot ginn. Fir e Rendez-vous bei engem vun den Dokteren ze huelen, brauch ee just op der Nummer 4411 3091 unzeruffen.
Wéi ?
-
1
Esoubal e Rendez-vous mat engem Dokter festgeluecht gouf, gëtt virun dësem Termin eng Bluttanalys programméiert. Dës éischt Bluttprouf erméiglecht festzestellen ob eng sexuell iwwerdrobar Krankheet virläit oder net (Blutt- an Urinanalys, Ofstréch, jee no Bedarf) souwéi en Test vun der Nierefunktioun.
-
2
Wärend dem Rendez-vous beim Dokter gëtt eng Anamnese gemaach an de Protokoll fir d’Anhuele vun der PrEP mam Dokter festgeluecht. D’PrEp gëtt fir en Zäitraum vun 3 Méint verschriwwen.
-
3
Dann, gëtt all 3 Méint e Suivi organiséiert fir d’Nierentoxizitéit vum Medikament, d’Virleie vun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten, Niewewierkungen an d’Adherenz ze iwwerpréiwen.
Jee nom Besoin vun der Persoun, kann de PrEP reegelméisseg oder bei Bedarf geholl ginn :
1 Tablett Truvada® oder säi Generique gëtt
1*/Dag zur selwechter Auerzäit geholl
Opgepasst
Käschten ?
D’PrEP gëtt vun der CNS iwwerholl, déi medezinesch Consultatioune gi vun der CNS zeréckbezuelt.