I PrEP my dates - HIV Prevention

I PrEP my dates
HIV Preventioun

I PrEP my dates I PrEP my dates

wat ?

Image illustration section quoi

PrEP ass e Preventiounsmëttel, dat doranner besteet, datt HIV-negativ (net HIV infizéiert) Persoune virun enger Risikosituatioun anti-retroviral Medikamenter zou sech huelen. Dëst Preventiounsmëttel gëtt Persoune recommandéiert, déi widderhuelt dem Risk vun enger HIV-Infektioun duerch sexuell Kontakter ouni Kondom ausgesat sinn.

wat ?

Wou ?

Zu Lëtzebuerg kann d’PrEP bei den Infektiologe vum Service National des Maladies Infectieuses vum Centre Hospitalier du Luxembourg ugefrot ginn. Fir e Rendez-vous bei engem vun den Dokteren ze huelen, brauch ee just op der Nummer 4411 3091 unzeruffen.

Image illustration section où

Wéi ?

  • 1
    Image illustration étape

    Esoubal e Rendez-vous mat engem Dokter festgeluecht gouf, gëtt virun dësem Termin eng Bluttanalys programméiert. Dës éischt Bluttprouf erméiglecht festzestellen ob eng sexuell iwwerdrobar Krankheet virläit oder net (Blutt-  an Urinanalys, Ofstréch, jee no Bedarf) souwéi en Test vun der Nierefunktioun.

  • 2
    Image illustration étape

    Wärend dem Rendez-vous beim Dokter gëtt eng Anamnese gemaach an de Protokoll fir d’Anhuele vun der PrEP mam Dokter festgeluecht. D’PrEp gëtt fir en Zäitraum vun 3 Méint verschriwwen.

  • 3
    Image illustration étape

    Dann, gëtt all 3 Méint e Suivi organiséiert fir d’Nierentoxizitéit vum Medikament, d’Virleie vun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten, Niewewierkungen an d’Adherenz ze iwwerpréiwen.

Jee nom Besoin vun der Persoun, kann de PrEP reegelméisseg oder bei Bedarf geholl ginn :

Reegelméissegt Anhuelen
Icon chevron down for FAQ
#
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image

1 Tablett Truvada® oder säi Generique gëtt
1*/Dag zur selwechter Auerzäit geholl

Geleeëntlecht Anhuelen oder no Bedarf
Icon chevron down for FAQ
#
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image

2 Tabletten Truvada®
+- 2 Stonne virum Risiko

#
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image

1 Tablett Truvada®
+- 24 Stonnen no deenen 2 éischten Tabletten

#
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image
Pillule image

1 Tablett Truvada®
+- 48 Stonnen no den 2 Tabletten

Opgepasst

D'PrEP ass wierksam géint HIV, mee schützt net virun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten !
(z.B. Syphilis, Gonorrhoe, Papillomavirus, Afepouken)
Image illustration section coût

Käschten ?

D’PrEP gëtt vun der CNS iwwerholl, déi medezinesch Consultatioune gi vun der CNS zeréckbezuelt.